Dienstag, 8. Januar 2013

Nai Saison - Nai Spiller - Nait Gléck !

 Eis Rocker fir d'Saison 2013!!

Fänke mer mol mat den Ofgäng vum Club un.

De Sami an de Pascal hunn eis Richtung Kayl respektiv Dideleng verlooss.
Mir wënschen hinnen zween datt Bëscht, an hoffen datt si an hire naie Klibb fannen watt se beim MCPC nett konnte kréien.

De Claus huet de Camp vun de lizenzéierte Spiller mat dem vun de Pastismemberen gewiesselt,  hien konnt leider aus musikalësche a beruflëche Grënn nett souvill spillen wéi hien sech datt gewënscht huet, bleift dem MCPC awer als Pastis-Rocker erhalen ! ;)

Wien wësse well wat de Claus sou dréift kann datt hei nokucken : www.bennyandthebugs.lu 

Hei ass dann eis Equipe fir 2013 :

Di alleréischt déi eis verstärkt hunn :
den Armand, d'Liliane, de Fränz vum Bielesser Veräin.

Di 3 sinn dem MCPC scho zënter éiweg frëndschaftlech gesënnt, sou datt ët nëmmen eng Fro vun Zäit wor, wéini datt si géinge fir de MCPC spillen.

Am Fong war datt mol kee richtegen Transfert
...si gehéiere scho méi laang zur MCPC-Family !


Mam Annette hu mir dann nach eng Spillerin vu Bieles krutt. D'Annette huet sech och schon direkt engagéiert a spillt am Wanterchampionnat mat eis mat, a kennt och d'lëtzebuergesch Boule-szene schon zimlech goudd.

Ausserdem krute mer nach d'Eugenie vum Champion Riganelli bei.  D'Eugenie kennt eis MCPC-Dammen duerch den FLBP-Kader, an huet sech och schon séier agelieft am Club !

Och vum Riganelli koum dann de "King" Kevin
De Kevin ass dann och eis éischt offiziell Star-Diva am Club, a därf sech och dementsprechend behuelen ....soulang seng Leeschtung stëmmt ! Keen Drock Kevin ! ..

Den allerläschte Moment (Ënn Dezember) huet d'Jessy sech entscheed fir no langer Paus seng Petanque-Carrière ze re-aktivéieren, an eis fir 2013 ze ënnerstëtzen.

An extra - frou si mir mam Zougang vum Martine
Mat der Coupe Noire - Gewënnerin vu 2012, kréie mir nach ee Musel-Homie, den sech entscheed huet fir eng Lizenz ze machen, an am Championnat matzespillen.

A natirlech hu mer dann nach de harde Kär vum läschte Joër : 

Junior, Monique, Viviane, Inguna, Joëlle, Mathis, Raph, Günter, Carlo, Sérgio, Sam an ëch seet de Geck. 

D'Eli kann eis och dës Saison aus beruflëche Grënn leider nett ënnerstetzen, hällt eis awer weiderhinn staark d'Daimercher, a well seng Lizenz behalen, fir direkt kënne ze spillen wann hat mol eng Keier nes am Land ass.

Opfälleg ass datt mir am MCPC bei 21 lizenzéierte Spiller -  10 Spillerinnen hunn.  
Keen anere Bulleveräin am Land huet proportional gesin sou vill Dammen !
Dat muss einfach un eis coolen Typen laien ! :p !

Allez Rocker - och wann den éischte Spilldag am Wanterchampionnat nett sou goudd gelaf ass

Op eng flott nau Saison 2013 !!!

A fir all di aner :



















Keine Kommentare: