Mittwoch, 17. April 2013

Saison 2013





Salut MCPC - Rocker !

Dëse Samsdeg geet et lass - den eischte Championatsdag zu Schëffleng steet um Programm...
Mir spillen an der zweeter Divisioun, a mir spillen 50 Minutten plus 2 Opnaamen pro Parti,
an dat souguer an der Final.

Mir wollte weder den ABCD-System bäibehalen, nach wollte mer mat Zäitlimit spillen, di énzeg richteg Championnatsform ass eiser Meenung no de franséische System, wou ee Veräin direkt géint een aner Veräin untrëtt. (tête-à-tête, doublette a triplette)
Dobai gewanne mir vill Zäit, et gi manner Championnatsdeeg, an et gett och keen Zoufallsprinzip méi beim Auslousen, respektiv et kënne keng Ekipen vum nämlechte Veräin openeen faalen...

D' Sportskommissioun huet sech anescht entscheed, an esou bleift eis also näischt iwreg
wéi eis der Majoritéit unzepassen, an dat Bescht doraus ze maachen.


Spillt fair, respektéiert är Géigner, a virun allem loosst Iech de Spaass beim Spillen trotz allem nett huelen...