De Miseler Carreau huet zu Steenem gerockt !
De Fränz, Sérgio a Günter hunn sech an enger flotter Final géint de BP Esch duerchgesat an di éischte Plaz gemaach !
-
De 2te Spilldag zu Steenem huet eis Erwaardung iwwertraff. Sou huet d'Jury vum Spilldag genee wei schonn zu Schëffleng d'Entscheedung geholl fir keng 50 Minutte Zäitlimit ze spillen - mee "normal bis 13 Punkten" - eng Entscheedung déi net nëmme vun den MCPC Spiller positiv opgeholl gouf.
All eis Ekippe hunn di éischt Ronn am Concours gepackt, d'Jojo, Martine a Jessy hunn 2 Ronnen am A gespillt - an 2 vun 3 Partie gewonn !
D'Annette, Liliane an de Mathis koume bis an d' 1/2 Final am Concours B.
Mat den Tripletten - Eugenie, Monique a Carlo - Viviane, Inguna a Misch - Sérgio, Günter a Fränz - hate mer 3 Ekippe an der 1/2 Final vum Concours A !! Doduerch hate mir dann och automatesch eng Ekip an der Final - déi de Sérgio, Günter a Fränz géint de Pat, Carlo a Pir vum BP Esch dann och op 8 gewonn haten.
Esou lues erfëllt der d'Erwaardungen vum Presi ^^ MEGA!!! sinn houfreg ob Iech! esou dem President Sam Pirsch seng éischte Reaktioun op di goud Resultater. Endlech ass mäi Message ukomm ! Dat verstinn ech ënner Resultater ! ;)
Allez MCPC - keep on rocking ! :))))