Donnerstag, 6. Dezember 2012

La Coupe Noire 2010


 Wéini: 14:00 Start vum Tournoi (max. 18 Persounen)

Eischten clubinternen Tournoi !


1. Präiss:
1 Goldmedaille an eng Gravur op de Sockel vun eiser wonnerscheiner Coupe Noire
(steet beim Costa zu Wormer, a bleift och do)
2. Präiss:
1 Selwermedaille
3. Präiss:
näischt
--- --- ---
Wien well kann awer och schon um 12:00 do sinn a sech Gegrills matbrengen,
da grille mer virum Tournoi, an/oder duerno....
Brengt alles ausser Gedrenks selwer mat. (Telleren, Besteck, Kuel, etc..)

--- --- ---

Wien keng Bullen huet fir ze spillen kritt der geleint.
Mir versichen der souvill wei meiglech ze organiseieren.
 --- --- ---
 
Modus: Supermêlée - 3 Ronnen
Bei der "Supermêlée" ginn d'Ekipen all Ronn nai geloust.
Vue datt et keen Fräilous gëtt, kann et virkommen, datt souwuel Doublettes an/oder Triplettes openeen falen an geinteneen spillen.
D'Punkten ginn esou verdeelt datt all Spiller déi Punkten kritt déi en am Mätsch mecht, egal op e gewonn oder verluer huet.
D'Gewënner kréien 13 plus d'Differenz vun de Punkten déi de Géigner gemacht huet. D.h. bei 13-02, 13+11= 24 Punkten, capice ?

Opgepasst wien bis zur Auslousung nett do ass, verpasst den eischten Tour, et gett aus organisatoresche Grenn, nett nai geloust... !!
--- --- ---
matgespillt hunn:
Yves, Misch, Raph, Indra, Sam, Joelle, Fabi, Ben C, Tommy, Luc,
Mara, Ben L, Sergio, Stephan, Laurent, Chris, Inguna, Mich D
--- --- ---
Gewenner vun der eischter Editioun:
 Raph