Donnerstag, 6. Dezember 2012

La Coupe Noire 2011


La Coupe Noire 2011.


Léif Memberen,

ët ass erëm souwait...
den 23ten Juni kennt ëmmer mei no an mir organiséieren wéi all Joar
eisen Concours
« La Coupe Noire » op Nationalfeierdag !

Mëllt Iech w.e.g. beim Pedro um Ziedel un. Leider kënne mir nëmmen eng
limitéiert Unzuel vu Spiller unhuelen dofir maacht ët esou séier wéi
méiglech ! Den eischten ass vir !
PS : De Concours ass fir d’Memberen vum Miseler Carreau ! Wann Dir är
Memberskaart fir 2011 nach nëtt bezuelt hudd, dann huelt dat w.e.g. no !

Start : 13h00 – ginn d’Ekipen ausgeloust – sidd dofir mat Zäiten do !
Et gëtt op mannst bis 17h00-18h00 gespillt, wann der Iech umeldt dann
rechent domat dat et keint ëppes méi laang daueren ! Wann een aus
enger Equipe misst eischter fort goën, dann ass dës Ekip automatesch
forfait verluer !

Geint 17h00/18h00 schmäisse mir de Grill un ! Mir organiséieren e puer
Wuppen fir den Owend !
Wëll sou ee Concours jo och bessi mat Arbecht verbonnen ass - bieden
mir Iech fir op e puer Saachen zu uechten :

Waart w.e.g mat der Umellung nëtt onbendengt bis op de läschte
Stëppel, an mellt Iech wann eppes dertëschent sollt kommen mat Zäiten
oof.

Schmäisst w.e.g keng Ziggis op den Terrain, et as eng Heedenarbecht
dei rëm opzeraafen, mir maan riiiiesen Aeschebecher iwerall ronderem
denn Terrain.

Passt och beim Spillen op är Matspiller op, well 700 Gramm Stool kënne
ferm wéi doen....

Wien keng Kugelen huet soll vläit eng Email maan, dann kënne mir na e
puer Saetz organiseieren, mee et sin normalerweiss genuch Klatzen do.




Dëst Joar ass di schein schwaarz Coupe un d'Gabi an de Pol gaangen !!
An engem spannenden Finalspill geint den Mich an den Steph konnten si sech mat 13-11 duerchsetzen,
duerno goufen et nach Mettwurschten, Grillwurschten a gegrillten Sardinen à go go ...