Donnerstag, 6. Dezember 2012

Spillgeschirr - de Rescht




Nieft de Bullen ginn et nach e puer Saachen déi mer brauche fir ze spillen.
Daat wichtegst wir de Cochonnet :
De Cochonnet, och de Klengen, de Bouchon, d'Schwëngchen oder d'Sau genannt, ass traditonnel aus Holz an huet en Duerchmiesser vun 3cm.
Haut ginn ët och Varianten aus Plastik, an allen verschiddene Faarwen.

Fir Diskussiounen aus dem Wee ze goën, an aner Léit nëtt bei hirer Parti ze stéieren, ass et och vu Virdeel fir e Moossband an der Täsch ze hunn.
Gemooss gëtt vum Ufang vun der Bull bis zum Ufang vum Cochonnet, a nëtt bis d' Mëtt vum Cochonnet, wéi vill Ufänger mengen.


A fir Leit mat Knéi oder Rëckeproblemer ass och e Magnéit vun onschätzbarem Wärt ;)
A wann engem säi Verhalt nëtt méi esou gudd fonktionéiert, dem kann en och nach ee Punktezieler uroden.
Des weideren ass eng kleng Fatz heinsto gudd ze gebrauchen fir eventuellen Dreck vun de Bullen oder den Hänn wegzemachen.