Donnerstag, 6. Dezember 2012

Bullen, Kugelen, Klatzen...


Bullen, Kugelen, Klatzen : 


Gréisst a Gewiicht :
D'Bullen sinn nieft dem Cochonnet d'Haaptspillgeschirr fir Petanque ze spillen.
Dës Bullen sinn aus Metall an wéien tëscht 650 bis max. 800 Gramm, an hunn en Duerchmiesser vun 70,5 bis max. 80 mm.
Fir di richteg Gréisst a Gewicht erauszefannen ginn et verschidden Methoden an Tabellen am Internet, dei eng moossen 
de Mëttelfanger, d'Kierpergréisst oder d'Distanz vum Mëttelfanger bis zum Handgelenk, vum Mëttelfanger bis zum Daumen,
a Kombinatioun mat Kierpergewiicht, mat Schonggréisst, an esou weider an esou virun...
Hei sinn e puer Links, da kënnt dir iech selwer eng Meenung dozou machen:

Mee domat wir di ganz Saach nach nëtt oofgeschloss !
Vue datt mer an der Pétanque verschidden Positiounen (Pointeur, Tireur, Milieu)  hunn,
ginn et och hei rem verschidden Feinheeten, déi ee soll, der Theorie no, an Uëcht huelen.
Esou spillt ee Pointeur mat mei klengen a schwéieren Bullen,
vue datt méi kleng a schwéier Bullen manner einfach ze treffen, respektiv weg ze drecken sollen sinn,
wougéint en Tireur éischter mat gréisseren, méi liichten Bullen spillt, wëll en dann am Laaf vum Concours, manner midd gëtt an
mat enger gréisserer Bull och besser treffen soll.
Vue datt de Milieu beides soll gudd spillen kënnen,
wir di perfekt Milieukugel eng Bull déi weder ze grouss nach ze kleng nach ze liicht nach ze schwéier soll sinn.
D.h. e Spiller den als Pointeur mat enger Bull mat de Moossen 73 mm 710 g spillt, geing als Tireur mat enger  75 mm 690g Bull
an als Milieu mat enger 74 mm 700g Bull glëcklech ginn.
Souvill dann zur Theorie.
Vue datt och ee Pointeur mol muss eng Bull schéissen oder een Tireur mol muss eng Bull leeën goën,
a vue datt mir Menschen nëtt all d'nämlecht gebaut sinn,
(sou ginn et Léit déi zwar vläit di nämlecht Handgréisst hunn, awer nëtt di nämlecht Handbreed...),

kënnen dës Tabellen nëtt wierklech 100% riichteg sinn.
Dofir, kuckt iech di Tabellen rouëg un, mee macht iech nëtt géckeg, probeiert Bullen vun Kollegen aus,
a probéiert se roueg e puer mol aus, an da kritt dir automatesch ee Gefill fir waat är riichteg Bullegréisst a -gewiicht ass.

Inox oder Carbon, haard oder mëll ?

D'Carbonkugelen raschten a mussen dofir geuëllegt ginn. Mee ët ginn och Spiller, déi grad dës méi grëffeg Gefill sichen,
an hir Bullen dofir manner bis guer nëtt afetten. Ee Virdeel vun dëse Bullen ass datt se méi gënschteg sinn.
Spiller déi léiwer matt glaaten Bullen spillen, tendéieren dozou sëch éischter fir Inox Bullen ze entscheeden.
Wéi de Numm et scho seet, sinn des Bullen "inoxydable", an haalen dofir och méi laang, kaschten awer och ee gudd Stëck méi.
Et ginn och verschidden Härten vu Bullen, vun 140 kg/mm² (ganz haard) bis 110 kg/mm² (ganz mëll).
Eng mëll Bull erhéicht de Carreauduerchschnëtt, vue datt d'Energie beim Geroden vun der mëller Bull sëch besser op déi getraffe Bull entlued,
an domat dann och éischter léien bléift, an d'Kraaft sëch op déi getraffe Bull besser iwerdréit.
En aneren Virdeel ass den datt op engem haarde Bueden
eng mëll Bull sech besser verhale soll,
a manner verspr
ange soll (virausgesat ët huet een seng Donnée getraff ..).
 Ee grousse Nodeel ass awer de Präiss vun dëse 110er Bullen,
an dës Bullen halen och duerch hir mëll Beschaafenheet nëtt esou laang
wéi hir haard Kollegen.
Op hardem Buedem, an duerch vill Schëss kréien se éischter  Knuppen a Dellen an bleiwe nëtt laang ronn a glatt.
Dës Zort vu Bullen ass éischter fir erfuere Spiller geduecht, wëll wann een nach nëtt vill trëfft, da kann een
och säi Carreauduerschnëtt nëtt wierklech erhéichen...
140er Carbon Bullen kritt ee schon vu 50-70 € un, wougéint een fir 110er Inox Bullen schon mat 120-250 € rechnen kann.
Fir den Ufank ginn hard Carbonbullen mol duer, fir iwerhaapt mol ee Gefill fir d'Bullen ze entwëckelen,
wann een dann Spass un der Saach entwëckelt huet,
kann ee jo mol aner Bullen ausprobéieren, an och mol ëppes méi investéieren.
PS: Et soll och Spiller ginn déi mat haarden a bëllege Bullen gudd op de Punkt leeën a vill Carreau schéissen sollen :))

Muster a Gravur
 
Bei de Muster verhält ët sëch wéi mat den anere Saachen och, et muss e rausfannen wat engem läit.
Et ginn e ganze Koup Muster, hei e Link mat e puer Beispiller:
wann der op di énzel Muster klickt, da kritt der eng vergréissert Foto dovun.
Och hei ginn et verschidde Meenungen, dat e Muster eng Bull méi oder manner soll bremsen. Fakt ass
datt e Muster, an eng Gravur (mam Numm z Bsp) hëllefe soll fir seng égen Bull rëmzefannen.