Donnerstag, 6. Dezember 2012

Wou kennt dat Spill "Pétanque" hier ?



Di éischte Kéier gouf Pétanque am Joar 1907 zu La Ciotat gespillt.
Am Frankreich wor demols eng Boule-Variant  de "Jeu Provencal" zimlech beleift.
Bei dem Spill sinn e puer Schrëtt Ulaf beim Worf verlangt, d'Bulle sinn och méi schwéier wei haut an der Pétanque,
den Terrain ass duebel esou lang an de Belag vum Terrain muss gewësse Kriteren entspriechen.
Den "Jules Le Noir" wor ee zimlech goude a passionéierte Spiller an dëser Disziplin,
mee wéi hien bis vum Rheuma geplot wor, konnt hien di dräi Schrëtt Ulaf dei erfuerderlech sinn nett mei brengen,
hien konnt seng Sportart also nett mei spillen.
Fir datt säi Kolleg awer na konnt weiderhin matspille, huet den Ernest Pitiot d'Regelen vum "Jeu Provencal" geännert.
Den Terrain gouf op d'Halschent verkierzt, en huet ee Krees an de Buedem gezunn, an et gouf ouni Ulaf,
mat beide Féiss fest um Buedem, aus desem Krees gespillt.
"Pieds tanqués" ass de provenzalesche Ausdrock fir "zoue Féiss", also d'Féiss solle beiëneen stoen,
oder awer op mannst nett aus dem Krees erausluussen.
De Begrëff "Pieds tanqués" huet der nauer Variant dann och de Numm "Pétanque" ginn.
Mat der Zäit goufe d'Regelen verfeinert, notéiert, an et ass e naut Spill entstanen.
Schon 3 Joer mei spéid - 1910, gouf den éischte offizielle Concours an deser nauer Boule-Variant gemaach.

Duerch seng relativ einfach Regelen, an doduerch datt Pétanque am Fong kann op all Buedem gespillt ginn,
huet sech des Boule-Variant séier och baussent dem Frankreich verbreed, a gëtt haut praktesch op der ganzer Welt gespillt.