Posts mit dem Label La Coupe Noire werden angezeigt. Alle Posts anzeigen
Posts mit dem Label La Coupe Noire werden angezeigt. Alle Posts anzeigen

Donnerstag, 16. Mai 2019

Montag, 27. Juni 2016

La Coupe Noire 2016


Bei tropeschem Wieder, vill Pastis a spannenden Partien konnte sech d'Gewenner vum läschte Joër, de Steve an de Marc an der Final net duerchsetzen - sou datt d'Coupe Noire dest Joër un den Chris an den Yves gangen ass !! Bravo un Iech all a Merci u jidfereen den matgespillt a matgeschaft huet !!








Montag, 29. Juni 2015

La Coupe Noire 2015





And the winners are ... Marc a Steve !!
Gratulatioun un de Marc den d'Coupe Noire fir d zweet gewonnen huet !!





Di zweet Plaz hunn den Jerry an de Romain gemaach !

Wei emmer geet ee grousse Merci un all dei matgespillt a matgehollef hunn - See you next year :)






Montag, 18. Mai 2015

La Coupe Noire 2015



Aschreiwungen beim Pitt op der Lëscht am Café oder per mail : miselercarreau@gmail.com


Donnerstag, 22. Januar 2015

Championnat Grande Région 2015 - Première Journée





MISELER CARREAU VS  PONT A MOUSSON  10 : 13
MISELER CARREAU VS F.L.B.P. JUNIORS 07 : 13
MISELER CARREAU VS AMNEVILLE 11 : 13
MISELER CARREAU VS B.P. ESCH 13 : 03
MISELER CARREAU VS TRIER 13 : 03



Dienstag, 24. Juni 2014

La Coupe Noire 2014 - Gewënner



Hei sinn d Gewënner vun der Coupe Noire 2014 :


4.Plaz : Pit a Ben

3. Plaz : Indra a Nadine


2.Platz : Sarah a Mich


1. Platz :  Yves an Marc ! !!!




Spezielle MERCI geet des Joër nach un
de Chili-Sérgio fir seng immens lecker gegrillte Poulet Churrasco
an un de Panama-Carlo fir säi komeschen Gedrank of da Petank  :)))

Montag, 24. Juni 2013

La Coupe Noire 2013



Dës Joer geet d'Coupe Noire un de Carlo an de Wampi !


Di zweet Plaz hunn den Yves an de Ben gemach !

Ee grousse Merci och un eis Sponsoren "Action-Wear","Caves Berna" a Café "La Grotta" !!









Montag, 17. Juni 2013

La Coupe Noire



Dëse Sonndeg ass et nes souwait !
Et sinn nach 2 Plaze fräi !
All eis Memberen sinn agelueden fir lanscht ze kommen an eng Sardin mat eis z'iessen ;)

Note: dëse Tournoi ass nemmen fir Loisir-Spiller vum Miseler Carreau. (nett-lizenzéiert)





Donnerstag, 6. Dezember 2012

La Coupe Noire 2012

D'Gewënner vun der Coupe Noire 2012 sinn d'Martine an den Yves !

Di zweet Plaz goung un de Sebi an de Camper !

a wéi ëmmer ee grousse Merci un all dei matgespillt a matgeschafft hunn !

La Coupe Noire 2011


La Coupe Noire 2011.


Léif Memberen,

ët ass erëm souwait...
den 23ten Juni kennt ëmmer mei no an mir organiséieren wéi all Joar
eisen Concours
« La Coupe Noire » op Nationalfeierdag !

Mëllt Iech w.e.g. beim Pedro um Ziedel un. Leider kënne mir nëmmen eng
limitéiert Unzuel vu Spiller unhuelen dofir maacht ët esou séier wéi
méiglech ! Den eischten ass vir !
PS : De Concours ass fir d’Memberen vum Miseler Carreau ! Wann Dir är
Memberskaart fir 2011 nach nëtt bezuelt hudd, dann huelt dat w.e.g. no !

Start : 13h00 – ginn d’Ekipen ausgeloust – sidd dofir mat Zäiten do !
Et gëtt op mannst bis 17h00-18h00 gespillt, wann der Iech umeldt dann
rechent domat dat et keint ëppes méi laang daueren ! Wann een aus
enger Equipe misst eischter fort goën, dann ass dës Ekip automatesch
forfait verluer !

Geint 17h00/18h00 schmäisse mir de Grill un ! Mir organiséieren e puer
Wuppen fir den Owend !
Wëll sou ee Concours jo och bessi mat Arbecht verbonnen ass - bieden
mir Iech fir op e puer Saachen zu uechten :

Waart w.e.g mat der Umellung nëtt onbendengt bis op de läschte
Stëppel, an mellt Iech wann eppes dertëschent sollt kommen mat Zäiten
oof.

Schmäisst w.e.g keng Ziggis op den Terrain, et as eng Heedenarbecht
dei rëm opzeraafen, mir maan riiiiesen Aeschebecher iwerall ronderem
denn Terrain.

Passt och beim Spillen op är Matspiller op, well 700 Gramm Stool kënne
ferm wéi doen....

Wien keng Kugelen huet soll vläit eng Email maan, dann kënne mir na e
puer Saetz organiseieren, mee et sin normalerweiss genuch Klatzen do.




Dëst Joar ass di schein schwaarz Coupe un d'Gabi an de Pol gaangen !!
An engem spannenden Finalspill geint den Mich an den Steph konnten si sech mat 13-11 duerchsetzen,
duerno goufen et nach Mettwurschten, Grillwurschten a gegrillten Sardinen à go go ...


La Coupe Noire 2010


 Wéini: 14:00 Start vum Tournoi (max. 18 Persounen)

Eischten clubinternen Tournoi !


1. Präiss:
1 Goldmedaille an eng Gravur op de Sockel vun eiser wonnerscheiner Coupe Noire
(steet beim Costa zu Wormer, a bleift och do)
2. Präiss:
1 Selwermedaille
3. Präiss:
näischt
--- --- ---
Wien well kann awer och schon um 12:00 do sinn a sech Gegrills matbrengen,
da grille mer virum Tournoi, an/oder duerno....
Brengt alles ausser Gedrenks selwer mat. (Telleren, Besteck, Kuel, etc..)

--- --- ---

Wien keng Bullen huet fir ze spillen kritt der geleint.
Mir versichen der souvill wei meiglech ze organiseieren.
 --- --- ---
 
Modus: Supermêlée - 3 Ronnen
Bei der "Supermêlée" ginn d'Ekipen all Ronn nai geloust.
Vue datt et keen Fräilous gëtt, kann et virkommen, datt souwuel Doublettes an/oder Triplettes openeen falen an geinteneen spillen.
D'Punkten ginn esou verdeelt datt all Spiller déi Punkten kritt déi en am Mätsch mecht, egal op e gewonn oder verluer huet.
D'Gewënner kréien 13 plus d'Differenz vun de Punkten déi de Géigner gemacht huet. D.h. bei 13-02, 13+11= 24 Punkten, capice ?

Opgepasst wien bis zur Auslousung nett do ass, verpasst den eischten Tour, et gett aus organisatoresche Grenn, nett nai geloust... !!
--- --- ---
matgespillt hunn:
Yves, Misch, Raph, Indra, Sam, Joelle, Fabi, Ben C, Tommy, Luc,
Mara, Ben L, Sergio, Stephan, Laurent, Chris, Inguna, Mich D
--- --- ---
Gewenner vun der eischter Editioun:
 Raph